Kriterium Minimes - Cadets - Juniors 2022/2023


14 October 2022

den läschten Sonndeg, den 9. Oktober 2022 hun e puer Jugend-Spiller vun den DT Frënn Bartreng um Kriterium vun der FLTT an den Kategorien Minimes, Cadets an Juniors deelgeholl.
Bei den Minimes huet den Stanislas sech als eischten am Gruppe3 duerchgesat. An der 2ter Qualifikatiouns-Ronn koum hien dun op eng gudd 4ten Plaaz. Besser as et fir den Spyros gaangen. Hien konnt sech als 2ten an der Grupp 3 fir Finalronn den 11. Dezember zu Canech qualifizéieren! Bravo.
Bei den Cadets as den Roman den 4ten an senger Grupp gin. Den Samuel as ganz knapp leider den 2ten an senger Grupp gin, an huet denkbar knapp Finalronn verpasst. Levi konnt sech mat senger 1ter Plaaz an senger Grupp fir Finalronn qualifizéieren. Bravo.
Bei den Juniors as den Tom 3ten an senger Grupp gin. Leider sin bei den Juniors nemmen di 2 eischt fir Finalronn qualifizéiert.
Domadder spillen den Spyros an den Levi den 11. Dezember 2022 zu Canech em den Kriterium-Titel bei den Minimes an Cadets

kriterum resultat 20221014.pdf