Ofschloss vun der 1ter Deelronn Saison 2023/2024
Den Kleeschen huet eisen Jugend-Spiller"innen eng Tiitchen laanscht bruecht! Duerno stung den 1ten Spilldaag vum 2ten Tour bei den Cadets um Programm. an Owes den läschten Spilldaag vun der 1ter Deelronn!
Nodeem dass jo schon fest stung, dass Bartreng1 an Nationale2 opsteigt, huet geschter Bartreng2 den Opstieg an Promotioun réaliséiert!Bartreng2 wënnt 7-3 zu Elwen an profitéiert vun der Defaite vun Préizerdaul2. Domadder kennt Bartreng2 hannert Biissen1 op di 2ten Tabellenplaaz an steigt fir di 2ten Deelronn an Promotioun op! Bravo un Levi, Pit, Samuel, Wenze, Dimitri an Jim. Duerch Victoiren vun Bartreng3 (9-1 géint Diddeleng4), Bartreng4 (7-3 géint Lënster5) an Bartreng6 (6-4 géint Recken6) konnten si sech jeweils an der Divisioun haalen! Bartreng5 an Bartreng9 verpassen duerch eng 3ten Plaaz knapp den Opstieg.
Leider konnt Bartreng8 an Bartreng10 sech, nom Opstieg di läscht Saison, net an der 4ter an 5ter Divisoun haalen. 1ten Match an der 2ter Deelronn as den Samsdeg, den 13. Januar 2024!