Virum läschten Spilldaag


21 April 2024

En Samsdeg, den 27. Abrëll 2024 steet den läschten Spilldaag am Seniors- an am Cadets-Championnat um Programm.

Verschidden Entscheedungen sin geschter schon gefall; verschidden Décisiounen stin nach aus!
 
No dem 3ten Opstiig noeneen, huet Bartreng1 sech geschter virzäiteg "gesechert" an spillen an der 1ter Deelronn vun der neier Saison 2024/2025 och erem an der Nationale2. Felicitatiounen un den Zlatko, Fabio, David an Spyros!!
 
E puer Equipen brauchen nach een Erfolleg um läschten Spilldaag fir Klass ze haalen oder fir nach ze steigen. Secher gestiegen as awer schons Bartreng9 (vun der 5ter an di 4ten Divisioun). Bravo un di verschidden Spiller.
 
Bei den Cadets kennt et um läschten Spilldaag en Samsdeg den Metteg zum Showdown!
Bartreng1 spillt géint den Co-Leader Union1 em den Titel Champion de Luxembourg Cadets 2024!
Bartreng2 as zudeem aktuell op der 3ter Tabellenplaz an der Nationaldivisioun!
Kommt eis Cadets ennerstëtzen!