DT-Stage an der Ouschter-Vakanz zu Bartreng


03 April 2024

DT Frënn Bartreng organiséieren, genee wéi an deenen aaneren Schoulvakanzen, een Stage fir hier Spiller. Den Zlatko mam Ismet trainéieren dës Woch all Daag (10:00-12:00 an 13:30-15:30) ronn 30 Kanner, Jonker an manner Jonker. Dës Woch sin net nëmmen Spiller vun den DTFB derbäi, mee och aus aaneren DT-Veräiner!
 
wëlls DU di nächsten Kéier och derbäi sin?
dann notéiert Dir schons den Datum vun dem nächsten Stage:
an der Pëngschtvakanz vun Meindeg, den 27. bis Freideg, den 31. Mee 2024 zu Bartreng am Sall um -2 vum Centre Sportif Niki Bettendorf
Umellen kanns du dech op info@dtfb.lu oder whatsapp op 691-888379
 
Mir fréen eis elo schons op DECH

stage 2024_05_flyer_aaner verainer.pdf