Final! Mir sin derbäi


03 February 2024

Den Moien stungen 1/2-Finalen am Kids- an am Teens-Cup an der Coque um Programm!

Kids-Cup 1/2-Final: Diddeleng - Bartreng: 1-4
No engem Excellenten Start, wou den Spyros 3-0 géint Finja gewënnt, konnt den Anastasios 3-2 géint den Jay gewannen. Leider konnt den Julien säin Match net gewannen. No dem Spyros sengem 3-0 Match, huet den Julien fir den 4-1 Erfolleg gesuergt. Domadder stin den Spyros, den Anastasios an den Julien muer den Metteg um 16:00 Auer an der Coque an der Final!
Kommt eis Spiller ennerstëtzen!
 
Teens-Cup 1/2-Final: Bartreng - Lënster: 4-2
Den Antoine wënnt kloer 3-0, den Stanislas verléiert 1-3 géint den Gilles. No engem kloeren 3-0 vum Daniel verléiert den Antoine leider ganz knapp 12-14 am 5ten Saatz géint den Gilles...2-2. Zum Schluss konnt den Daniel 3-2 an den Stanislas 3-0 gewannen. Final, mir kommen!
Final tëscht Bartreng an Lénger get den 3. März 2024 zu Bartreng am Kader vum Tournoi am Centre Sportif Niki Bettendorf gespillt!
 
PS: och wann mir als kloeren Outsider (laut dem Artikel am BIO) an des 1/2-Finalen gaangen sin, stin mir elo mat den 2 Equipen an der Final!
 
Allez Bartreng!
Allez DTFB!
Allez DTFB-Jugend!

2863bdee-5797-4ead-8438-c01b3a81d6a4.jpeg

f82b8a6c-65eb-4eb5-9eee-fd149b61a075.jpeg

0ccf455e-2943-498e-9c7a-5ae766f796e7.jpeg

img_2561.jpeg

img_2563.jpeg