Matcher am neien Sall


21 April 2022

Et as esou wäit! Endlech! Mega! 
 
Dësen Samsdeg, den 23. Abrëll 2022 gin di eischt Matcher um 14:30 am fusch-neien Sall fir den DëschTennis am Centre Sportif Niki Bettendorf gespillt!
Equipen Jeunes1, Minimes1 an Minimes2 hun di grouss Éier di eischt Matcher doheem ze spillen!
Kommt all an ennerstëtzt eis Jugend!
Natiirlech lount sech och ee Wee an di fonkel-nei Buvette mat Vue an den Spillsall!
Och iwert dësem Wee wëllen mir der Gemeng Bartreng een DECKE Merci soen fir desen super Sall!

Mir warden en Samsdeg um 14:30 Auer op Iech!

31d48f6d-7367-4c25-b819-881ad1f17061.jpeg

d0dd9854-4429-4c79-8fc2-d72e2bec109c.jpeg