Kriterium 2026/2027
26th October 2026
DT Frënn Bartreng

De Rëckblëck op de Jugend-Kriterium vum 18/10/2026 as duerchaus positiv!
Poussins Boys
- den Matteo an den Andrea sin knapp un der 1ter Qualifikatioun-Ronn (3ten Plaz) gescheitert
Benjamins Boys
- an der 1ter Qualifikatiouns-Ronn qualifizéiert sech den Yitong fir den 2ten Tour
- fir den Vincent an den Gaël (knapp) net duergaangen fir eng Ronn weider ze kommen
- An der 2ter Qualifikatiounsronn war et dun leider eriwer fir den Enrique, Yitong, Alexandre an knapp fir den Hugo
- 1ten an senger Grupp as den Rodrigo gin. Hien qualifizéiert sech domadder fir Final-Ronn bei den Benjamins Boys am Januar 2027
Minimes Boys
- an der 2ter Qualifikatiouns-Ronn konnt den Jules sech an senger Grupp net duerchsetzen
- den Lev an den Adam qualifizéieren sech fir den 3ten Tour, wou et do awer och fir si eriwer war
Cadets Girls
- Angel konnt sech net an senger Grupp duerchsetzen
Cadets Boys
- des Kategorie as dominéiert gin vun eisen Bartrenger Cadets Jongen
- am Grupp 1 kennt den Spyros virum Julien op di 1ten Plaz
- am Grupp 2 kennt den Daniel op di 2ten Plaz
- am Grupp 3 kennt den Anastasios op di 2ten Plaz
- domadder qualifizéieren sech allen 4 Spiller fir Finalronn am Januar2027
- 4 vun 7 Cadets kommen vun Bartreng
Allez DëschTennis Frënn Bartreng
Bravo un den Rodrigo, Spyros, Julien, Anastasios an Daniel fir Qualifikatioun fir Final-Ronn vum Kreiterium den 24/01/2027
decke Bravo an Merci geet awer och un eisen Coach den Zlatko!
kriterium-pou-bjm-min-cad-jun-2026-10-18-elim-resultate.pdf
Verëffentlecht den 26.10.2026
Verëffentlecht den 26.10.2026
