Ofschloss Hinronn Seniors-Championnat
8th December 2024
DT Frënn Bartreng

Geschter huet den 9ten an läschten Spilldaag vun der 1ter Deelronn am Seniors-Championnat stattfonnt.
Bartreng1 konnt sech relativ souverän an der Nationale2 haalen. Si kommen op eng gudd 4ten Plaaz an dest nom Départ vun eiser Nummer2.
Bartreng2 hat et do mei schwéier. 2 Spiller konnten zousäthlech weint hieren Studien leider net mei mat spillen. Si kommen op eng 8ten Plaaz an mussen leider an der 2ter Deelronn an der Divisioun1 untrieden. Do probéieren si natiirlech den direkten Opstieg.
Bartreng3 kommen op di 2ten Plaaz an steigen fir di 2ten Deelronn an Divisioun1 erop! Bravo un den Claude, Christophe, Julien an Anastasios. Ze ernimmen as, dass den Christophe all seng 18 Matcher gewannen konnt!
Bartreng4 konnt sech mat enger gudden 8-2 géint Leideleng1 um läschten Spilldaag eng 6ten Plaaz secheren an bleiwen an der Divisioun2.
Bartreng5, Bartreng7 an Bartreng9 konnten sech leider net an hieren Divisiounen haalen an probéieren an der 2ter Deelronn sech erem eropzekämpfen.
Zum Schluss hun DëschTennis Frënn den Spiller eng Pizza an der Buvette offréiert!
En Samsdeg, den 14. Dezember stin elo nach Cadets-Matcher an 1/4 an der Coupe de Luxembourg Dames um Programm...
...an dono get et am Bartrenger Chalet eng gudd Raclette! Umellen kennt Dir Iech all nach bis en Mettwoch iwert den desen Link!
