Zereck an der Promotioun!


27 November 2022

Um 7ten Spilldaag wënnt di 1ten Equipe 9-1 géint EschAbol2 an steet um drëttläschten Spilldaag vun der Rëckronn schon als Opsteiger fest. Genee ewéi läscht Joer spillt Seniors1 erem an der Promotioun. Felicitatiounen un den Zlatko, Fabio, David, Wenze, Samuel an Dimitri.
 
Och di aaner Equipen hun nach gudd Chancen op den Opstiig! An den jeweilegen Divisiounen stin di aaner Equipen aussichtsräich! Seniors2 (op der 2ter Plaaz), Seniors3 (3ten), Seniors4 (3ten), Seniors5 (1ten), Seniors6 (4ten), Seniors7 (1ten) an Seniors8 (3ten).
 
Cadets1 konnten hier 2ten Plaaz mat engem 5-5 konfirméieren. Cadets1 steet domadder nach emmer op der 2ter Plaaz hannert dem DT Houwald an der hëchster Divisioun. Felicitatiounen un den Antoine, Roman, Stanislas an David.
 
Weider geet et den nächsten Samsdeg an dem Centre Sportif Niki Bettendorf (Seniors um 19:30)
 

01ae4de6-27e5-435d-8089-6f164a643f23.jpeg

767b2a44-b77d-406f-9795-1c5d7edf904b.jpeg

15a74fc7-d5ca-48f1-9ac5-d56bb123f6d6.jpeg