Tournoi DT Recken 9 an 10. Abrell


12 April 2022

an weider geet et! No den gudden Resultater läschten WE, hun eis Spillerinnen an Spiller och desen WE e puer Coupen mat op Bartreng bruecht!
Um Jugendtournoi vum DT Recken, den Samsdeg, den 9. Abrëll, wënnt den Julien Kategorie D3 an den Roman an den Antoine kommen an der Kategorie C3 op di 3ten Plaaz. Eng 2ten Plaaz get et fir den Julien bei den Équipe-D3, eng 3ten Plaaz fir Valentina bei den Équipe-D2 an den Roman an den Antoine kommen zesummen och op eng 3ten Plaaz bei Équipe-C3.
 
Sonndeg, den 10. Abrëll um Tournoi vum DT Recken, kennt den Samuel bei den B3 bis an Final an muss sech do knapp dem Sam 2-3 geschloen gin.
 
weider esou!
allez Bartreng!
 
 
 

2022-04-10-tournoi-recken.pdf

2022-04-09-tournoi-jeu-recken.pdf

tournoi recken jeunes.jpg