Reprise Championnat Cadets an Seniors


08 January 2022

Haut gin di eischt Championnats-Matcher am Joer 2022 gespillt!

Den Optakt machen den Metteg eis Cadets! Den 2ten Spilldaag vum 2ten Tour get zu Mamer am Königsbund gespillt!

No der duerchaus positiver 1ter Deelronn, mat dem Opstiig vun der 1ter Equipe an Promotioun an der 2ter Equipe an Divisioun1, spillt Bartreng1 haut den Owend an der Hall Poly geint Recken2, Bartreng2 muss auswärts bei Hueschtert/Folscht5 untrieden.

All Matcher gin am Covid-Check-Regime! 
 
Bonne Chance, Vill Glëck an bleiwt gesond!