Ofschloss vum 1ten Tour-Seniors: Bartreng1 steigt an Promotioun!


12 December 2021

Um läschten Spilldaag vum Seniors-Championnat am 1ten Tour, konnt Bartreng1 duerch een 4-4 géint Méischdref1 seng 1ten Plaaz secheren. Bartreng1 steigt domadder an Promotioun! Den David, Dimitri, Nicolas, Wenze an Pit wärten et am 2ten Tour ab Januar 2022 secherlech et méi schwéier kréien! Felicitatiounen an weider esou!
Bartreng2 huet am Spëtzenmatch 3-5 géint den Cado2 verluer. Den Opstiig an Divisioun 1 stung awer schons virum läschten Match fest! Felicitatiounen gin un den Damien, Fernand, Georges, Claude, Jim, Tom an Samuel!
Bartreng3 konnt sech, duerch eng 7-1 Victoire geint Nidderkäerjeng4, um läschten Spilldaag virum Ofstiig retten. Nom Opstiig, konnten eis 4 Jugendspiller Tom, Jim, Samuel an Pit dësen Ofstiig quasi eleng vermeiden!
Fir di aaner Equipen sin duerch folgend Resultater Plazéierungen am gesëcherten Mëttelfeld erausgesprong:
Zolwer1 - Bartreng4: 5-3
Nidderkäerjeng6 - Bartreng5: 0-8
Bartreng6 - Habscht2: 2-6
Bartreng7 - Nidderkäerjeng7: 6-2
Zolwer4 - Bartreng8: 9-0

Am Cadets-Championnat stung den 1ten Spilldaag vum 2ten Tour um Programm:
Zolwer1 - Bartreng1: 6-3
Mondorf1 - Bartreng2: 5-4
Ell2 - Bartreng3: 9-0ff
Mamer1 - Bartreng4: 9-0ff
 
Weider geet et den Samsdeg, den 8ten Januar 2022!

78a5ddb3-988f-4005-87b1-231e5609c5e0.jpeg

64507fb3-f4cc-4a28-b814-aac42545cbd9.jpeg

88b4761a-ca25-4eb1-acb0-c32cf398cdb0.jpeg

25a6d90d-7bd8-4231-aa7c-966a7bbcf4f8.jpeg