Ofschloss Minimes- an Jeunes-Championnat


21 May 2023

Zum Ofschloss vun der Saison 2022/2023 stungen geschter di 2ten Ronn am Minimes- an am Jeunes-Championnat um Programm.
 
 
Minimes1 haten an der 1ter Ronn op een eenzegen Saz den Opstieg an Nationaldivisioun verpasst an hun deemno an der Divisioun1 gespillt. Si wannen 3x relativ souverain jeweils 5-1 géint Recken1, Ell1 an Diddeleng2. Domadder gouf den Stanislas, Julien an Anastasios 1ten an der Divisioun1. Bravo un eis Spiller.
Trotz villen Ofsoen konnten mir bei den Minimes komplett mat 5 Equipen spillen an och nach verschidden Matcher gewannen. Bravo un eis Jengsten-Spiller.
 
Bei den Jeunes konnt di 1ten Equipe e bessen iwerraschend den Sprong an Nationaldivisioun packen. Leider konnten si géint (deels vill) mei staark Géigener keen Match gewannen an hun sech missten Lëntgen1 0-6, Diddeleng1 1-5 an Recken1 2-4 geschloen gin. Insgesamt goufen awer leider 3 Matcher am 5ten Saz géint deels mi staark klasséiert Spiller verluer! Bravo un den Levi, Spyros, Pit an Paul fir di gudd Leeschtung an eng 4ten Plaz am Jeunes-Championnat.
 
Weider geet et am September 2023 mat dem Teens- an Kids-Cup, souwéi mat dem Cadets- an Seniors-Championnat. Elo get nach eifreg trainéiert, fir dass DëschTennis Frënn Bartreng gud virbereed sin!

allez DTFBartreng