Ofschloss Cadets (Tour2) an 3ten Spilldaag Seniors


29 January 2023

Um 5. an läschten Spilldaag vum Tour2 am Cadets-Championnat wënnt Bartreng1 géint Houwald2 kloer mat 10-0. Domadder steet Bartreng1 op der 3ter Plaaz an der Nationaldivisioun. 
Bartreng2 wënnt mat 8-2 géint Berbuerg1 an steigt fir den 3ten Tour an Divisioun1 erop! Bravo un den Julien, Anastasios, Marc, David an Lucas!
di aaner 4 Equipen bleiwen an hieren respektiven Divisiounen. Nächsten Cadets-Match as den Samsdeg, den 4. März 2023. Kommt eis Jugend Samsdegs um 14:30 an den Sall um -2 an den Centre Sportif Niki Bettendorf ennerstëtzen. An der Annexe fannt dir Klassementer vun den verschidden Cadets-Equipen.
 
Bei den Seniors stung geschter Owend den 3ten Spilldaag um Programm. Bartreng1 wënnt an der Promotioun 8-2 géint Hueschtert/Folscht3 an steet, nom Opstieg an der Hinronn, weiderhin un der Tabellenspëtzt!
Bartreng2 hëllt een 5-5 géint Hueschtert/Folscht4 an steet nom Opstieg op der 5ter Plaz! Weider virbäi stin Bartreng3 an Equipen 5, 6, 7, 8, 9 an 10. 

den nächsten Samsdeg stin 1/2-Finalen (an evt en Sonndeg Finalen) an der Coque um Programm. DT Frënn Bartreng stin souwuel bei den Kids (Minimes) wéi bei den Teens (Cadets) um 11:30 an der 1/2-Final.
Zudem spillt Bartreng1 um 18:30 géint Méischdrëf1 an der 1/2-Final vun der Coupe Frantz Think!
Kommt eis Spiller an Coque ennerstëtzen!
 
Weider geet et am Seniors-Championnat den 25. Februar an am Cadets-Championnt den 4. März
 
Allez DTFB!

56f830ab-0b4c-4b8b-a006-435b18ec5ad5.jpeg

5f6fed1d-ffd7-48ab-9dad-a0b7e51c8ead.jpeg

f4ff1e30-e23b-42a8-b28f-e7f45efc1c48.jpeg

c92b79b6-1a8e-451c-8b62-1637cf6bf063.jpeg

4fd8fea5-fa76-41fe-811a-21808c9f7d59.jpeg

1a329636-f9db-4502-a1d8-867dd7890a88.jpeg

cup-finals.pdf