Neien Spiller beim DT Frënn Bartreng

Jim RECKEL



19 September 2020

Heimadder deelen mir Iech nach mat, dass DT Frënn Bartreng een neien Jugendspiller fir Saison 2020/2021 hun. Den Jim RECKEL huet schons e puermol un Stagen zu Bartreng deelgeholl, huet vun 2014-2020 beim DT Zéisseng gespillt an koum als C2 Spiller.
Läschten Sonndeg, den 13. September 2020 huet hien bei den Minimes Boys un den Landesmeeschterschaften zu Miersch deelgeholl. An der Grupp 8 huet hien geint een B3 an C1 gespillt. No 2 Victoiren as hien als Gruppeneischten an 1/8-Final komm, wou hien du leider geint den spéideren Landesmeeschter verluer huet.
Duerch des gudd Perfermance konnt hien dun an Kategorie C1 opsteigen. 
Haut den Metteg spillt hien am Teens-Cup mat an hëllt um Cadets- an Seniors-Championnat deel.
Mir wënschen him alles Guddes