neie Spiller beim DT Frënn Bartreng

David FICKINGER Foto vun Dani REUTER



21 June 2020

DT Frënn Bartreng sin frouh Iech matzedeelen, dass den David FICKINGER nächst Saison zu Bartreng spillt. 
Den David as A3 klasséiert an verstärkt eis 1. Equipe.
Seng eischt Lizenz huet hien den 01/07/1991 beim DT Nidderkäerjeng gemach, wou hien och regelméisseg an der hëchster Divisioun (Nationaldivisioun resp BDO TT League) gespillt huet. 
Di läscht Joeren huet hien den Seniors-Training zu Bartreng gehalen.
Net nemmen war hien 2015 op der Poker-WM zu Las Vegas, mee huet op der Dësch-Tennis-Jugend-EM 1998 zu Norcia an 2001 zu Terni, souwéi op der Seniors-EM 2003 zu Courmayeur Letzebuerger Faarwen vertrueden.
Mir begréissen den David zu Bartreng an wënschen him vill sportlechen Erfolleg