Minimes- an Jeunes-Championnat


20 June 2021

Jugend vun DT Frënn Bartreng am Asaatz!

Nodeem dass sech bei den Minimes den läschten WE Bartreng1 als 2ten an hierem Bezirk fir Nationaldivisioun qualifizéiert huet, hun si geschter geint Berbourg1 an Lentgen1 3-3 gespillt, hun sech awer leider missten geint Lénger mat 2-4 geschloen gin. Den nächsten Samsdeg stin Retour-Matcher um Programm, wou Bartreng1 hoffentlech seng Podiumsplaaz kann verteidegen.

Di 2ten Equipe bei den Minimes kommen an der Divisioun2 op di 1ten Plaaz no Succès'en mat 4-2 geint Recken2 an 6-0 geint Bierkerech1. Domadder steigen si an Divisioun1 erop! Bravo un den Antoine, David ab Marc! Weider esou...

Bartreng3 spillt an der Divisioun3 geint den Houwald2 mat 3-3 gläich an verléiert mat 2-4 geint Diddeleng3 an bleiwen domadder an der Divisioun3.

Bei den Jeunes wënnt Bartreng1 mat 6-0 geint Bäerdref1 an verléiert 2-4 geint den Tabelleneischten Nidderkäerjeng1. Domadder bleiwen si weiderhin an der 2-hechster Divisioun.

Bartreng2 wënnt 6-0ff geint Ierpeldeng1 an 4-2 geint Diddeleng2 an spillt weiderhin an der Divisioun4

Op deenen zwee nächsten Samsdeger stin di läscht Championnats-Matcher fir Saison 2020/2021 um Programm

528d13c5-121b-4f19-b6ff-63108296f075.jpeg

77238743-080c-4911-8b88-509655f91f32.jpeg

149937e0-1ed9-49da-9128-e24825cfd78a.jpeg

69a99bea-c414-44e7-9d2a-e55f922fb9bb.jpeg

01e3d605-0bca-4e20-beab-85e0e5241dbb.jpeg