Minimes- an Jeunes-Championnat

Minimes- an Jeunes-Championnat

Mat insgesamt 5 Equipen waren mir haut am Asaatz!

3 Equipen waren bei den Minimes haut am Asatz. Folgend Resultater koumen bei den Matcher eraus:

Bartreng 1 wënnt géint Diddeleng 1 mat 5-1 an géint Beetebuerg/Peppeng1 mat 4-2, muss awer leider mat 2-4 géint Lénger1 den kierzeren zéihen.

Bartreng2 wënnt 5-1 géint den Preizerdaul1 an spillt géint Hueschtert/Folscht1 3-3

Bartreng3 gewënnt 6-0 géint Recken5, 4-2 géint Leideleng1, verléiert awer 0-6 géint Briddel3

bei den Jeunes waren 2 Equipen am Asaatz:
Bartreng1 wënnt 4-2 géint Hueschtert/Folscht2, wënnt och 4-2 géint Recken2, verléiert awer 1-5 géint den Preizerdaul1

Bartreng2 spillt géint Fluesweller1 an Lenneng1 2x 3-3 gläich an verléiert 0-6 géint Uewerdonven1

weider geet et mat deenen 2 läschten Matcher den nächsten Samsdeg!