Minimes- an Jeunes-Championnat 2020/2021


27 June 2021

Um läschten Spilldaag vum Equipenchampionnat bei der Jugend sin geschter folgend Resultater erauskomm:

An der Nationaldivisioun bei den Minimes gewënnt Bartreng1 géint Lëntgen1 mat 4-2, verléieren awer leider mat 4-2 jeweils géint Lénger1 (Vize-Champion) an géint den spéideren Champion Berbuerg1. Domadder kennt Bartreng1 op di 3ten Plaaz an dem Championnat Minimes 2020/2021 an gewannen Bronze-Medaille. Felicitatiounen un den Pit, Samuel, Roman an David! Weider esou Jongen!!
Bartreng2 spillen 3-3 gläich géint Diddeleng2, gewannen däitlech 6-0 geint Féngeg1 an verléieren leider knapp mat 2-4 géint Briddel1.

Bei den Jeunes verléiert Bartreng1 géint Hueschtert/Folscht2 mat 1-5 an géint Préizerdaul1 mat 2-4, si gewannen zum Ofschloss 4-2 géint Wëntger1.

Leider konnten mir op dem läschten Spilldaag net komplett untrieden (Vakanzenufank an der Europaschoul, krankheetshalber, Musekexamen,...), dofir hun eis Equipen sech trotzdem wonnerbar geschloen!

Domadder as Equipenchampionnat fir Saison 2020/2021 eriwer! Zum Ofschloss vun der Saison 2020/2021 een DECKEN MERCI un Spillerinnen an Spiller mat hieren Elteren, un eisen Trainer, den Zlatko, awer och un FLTT. Trotz den dach schwieregen Zäiten huet FLTT ët emmer erem färdeg bruecht een Programm op Been ze setzen, deen et der Jugend erlaabt huet fir nach virum Summer e puer Matcher ze spillen!


bd922620-a910-43c8-9fb7-d7884fb3e518.jpeg

61d136d7-cdbc-411a-8af2-16cb34804a1b.jpeg