Läschten Championnats-Match Seniors


20 March 2022

Saison 2021/2022 as am Cadets- an am Seniors-Championnat eriwer.

Bartreng1, bei den Cadets, gin di eischt an giffen elo an Nationaldivisioun opsteigen.

Bei den Seniors as et, no der ganz gudder Hinronn mat den Opstiigen vun der 1ter an 2ter Equipe an di jeweils Divisioun driwer, leider net esou gut gaangen.
Bartreng1 spillt um läschten Spilldaag am entscheedenen Match 4-4 geint Union2. Bei Punktgläichheet mat Union2, engem 4-4-Gläichspill, bei 14-14 Saatzverhältnis, zielt laut FLTT-Reglementer den Match vun den jeweilegen Nummer 1. Leider as deen Match vun Bartreng verluer gaangen, sou dass Bartreng1 elo op déi ondenkbar 8ten Positioun rëtscht an erem zereck an Divisioun1 muss goen.
Bartreng2 konnt sech, nom Opstiig an Divisioun1, leider net haalen an spillt an der Saison 2022/2023 erem an der Divisioun2.
Bartreng3 misst eigentlech aus der 2ter Divisioun erausfaalen, mee duerch di gudd Leeschtung vun Bartreng4, déi, in extremis, den Opstiig aus der 3ter an di 2ten Divisioun gepackt hun, bleift den Status Quo. 
Bartreng5 as leider op di 3ten Plaaz komm an verpasst ganz knapp den Opstiig.
Bartreng 6 an 7 verbleiwen an hieren Divisiounen.
 
Saison 2021/2022 as awer nach net ganz eriwer! Ab dem Samsdeg, den 23. Abrëll geet et weider mat dem Minimes- an Jeunes-Championnat! Dest sin dann och déi eischt Matcher an dem neien DëschTennis-Sall am Centre Sportif Niki Bettendorf

98916957-e03a-4185-95ec-1b74dc073c88.jpeg

8a5ca3ce-c306-4cd0-91e8-321784e929b1.jpeg

67f98850-075e-4ba3-963f-f6e2541dcf8b.jpeg

0e83eee8-ab46-4f29-b3cd-0fd8ef2de15e.jpeg

a2239840-2c55-4a9f-bce5-8e85940f6262.jpeg

919dea4b-a157-46a2-a444-08aaf7175a86.jpeg

748a8f8d-5a74-421c-a13c-05c343cbdec4.jpeg

d7115f28-e662-4e34-b0d9-5581b73edfe4.jpeg

f793040f-c7f2-44a5-9321-e6ee78c3b9a0.jpeg

ad422619-ab2a-4af8-928a-ac357546a4d3.jpeg