Ladies&Girls-Day an Tournoi'en vum läschten WE


03 November 2022

den läschten WE stungen e puer Eenzel-Kompetitiounen um Programm:
- Ladies & Girls - Day den Samsdeg, den 29. Oktober 2022 zu Kielen. No e puer hartemkämpften an laangen Matcher as Tessy op di 5ten Plaaz an der Kategorie C1 komm. D'Amelie kruut eng Selwer-Medaille an d'Odile eng Bronze-Medaille an der Kategorie D1. Fir d'Lis an d'Valentina as et leider net duergaangen fir op den Podium
- den Jugendtournoi zu Noumer stung och en Samsdeg, den 29. Oktober 2022 um Programm. Den Anastasios as 3ten an der D2 gin an den Spyros den 2ten bei den C1.
- an Sonndeg, den 30. Oktober 2022 as et um Tournoi zu Gréiwemaacher direkt weider gaangen. Den Patrick as 2ten bei den C2 gin. Nach besser hun et den Anastasios (1ten bei den D2), den Antoine (1ten bei den C3) an den Samuel (1ten bei den B2) gemach.
Felicitatiounen
an weider esou

lg-d-2022-2023-1-schlussklassementer.pdf

2022-10-29-tournoi-noumer.pdf

2022-10-30-tournoi-greiwemaacher.pdf