Kids- an Teens-Cup 02/10/2021


02 October 2021

Den Metteg waren Matcher vun der 2ter Ronn vun dem Teens- an Kids-Cup!

Am Teens-Cup gewannen den Samuel, den Jim an den Roman mat 3-0 geint Lënster1 an mat 2-1 geint den Preizerdaul1. Geint eng ganz staark Equipe vun Recken1, verléieren mir mat 0-3. Duerch des gut Resultater, kommen mir op di 2ten Plaaz an der Poule an qualifizéieren eis domadder fir 1/2-Final am Teens-Cup! Bravo !!
Bartreng2 konnten leider nemmen zu 2 untrieden an verléieren hier Matcher geint Diddeleng2 (mat 0-3), Zolwer1 (0-3) an Bridel1 (1-2).
 
Am Kids-Cup gewannen den Antoine, David an Marc mat 3-0 géint Berbuerg1 an verléieren ganz knapp mat jeweils 1-2 geint Diddeleng1 an Recken1. Zumols geint Recken, wou den David leider am 5ten Saaz den Match op 14-16 verluer huet. Leider as et domadder net duer gangen fir sech ennert di 2 eischt ze klasséieren an domadder verpassen si 1/2-Final knapp.
Bartreng2 verléieren hier Matcher mat 1-2 geint Diddeleng2, 1-2 geint Preizerdaul1 an 0-3 geint Houwald1.

Weider geet et fir eis Jugend den nächsten Samsdeg mat dem Cadets-Championnat!

 

kids-cup-2021-2022.pdf

teens-cup-2021-2022.pdf