Gudd Resultater am Seniors-Championnat


04 December 2022

Um 8ten an virläschten Spilldaag an der Hinronn vum Seniors-Championnat, as niewt der 1ter Equipe (Opstieg an Promotioun) och schon secher Bartreng7 gestiegen. Bartreng7 wënnt 8-2 géint Fengeg6 an as domadder secher op engen vun den 2 éischten Plaazen! Si spillen domadder an der Rëckronn an der 4ter Divisioun!
Weider Chancen op een Opstieg no dem läschten Spilldaag, den nächsten Samsdeg, hun Equipen 2, 4, 5 an 6. Des Equipen leien emmer nach op deenen éischten 3 Plaazen an hieren respektiven Divisiounen!
Kommt ennerstëtzt eis Equipen den Samsdeg, den 10. Dezember ab 19:30 an den Centre Sportif Niki Bettendorf um Sall am -2!
Denkt och drun Iech nach unzemellen fir den Tarte Flambée Daag mat Fussball WM-Final am Bartrenger Chalet um Parking am Duerf! den Link fannt Dir op www.dtfb.lu!
weider esou!
allez DëschTennis Frënn Bartreng

16fc1676-bff0-49a4-9aa7-a94e85e07947.jpeg

5a56a439-13cc-4f71-842b-b439a4f2da45.jpeg

34a0bded-a3de-49ba-bc07-39200f808ad3.jpeg