Endlech erem Championnat…


25 February 2023

Den Owend steet den 4ten Spilldaag am Seniors-Championnat um Programm.
 
No der Spill-Paus, bedingt duerch Fuesvakanz an dem Cup-Finals-WE, spillen all eis 10 Equipen den Owend um 19:30.

Bartreng1 wëll seng 1ten Plaaz an der Promotioun hei heem (am Centre Sportif Niki Bettendorf am Sall um -2) géint Nouspelt1 verdeedegen.
Bartreng2 trëtt zu Berbuerg (3ten Equipe) un.
Mat Bartreng3, Bartreng4 an Bartreng6 hun nach weider 3 Equipen Heem-Matcher.

Kommt eis Spiller um 19:30 den Owend ennerstëtzen!
Natiirlech as och Buvette op!
 
Allez DT Frënn Bartreng

e725eb9c-3282-47bd-b450-1888bfeb4391.jpeg