Championnat Samsdeg 04/03/2023


05 March 2023

Nom 5ten Spilldaag am Seniors-Championnat stin 5 Equipen op den Plaazen 1, 2 oder 3 an hun weider gudd Chancen nach opzesteigen. Aktuell steet just Bartreng4 no dem Opstieg no der Hinronn op enger Ofstiegplaaz.
 
Bartreng1 geet souverän op Lënster géint hier 2ten Equipe 10-0 wannen an steet mat Wëntger1 an Préizerdaul1 ouni Punktverloscht op der 1ter Plaaz. Daat bleift nach spannend fir di läscht 4 Matcher.
 
Bei den Cadets huet geschter di 3ten Spillronn ugefaangen. Trotz villen Ofmeldungen an Ersatzspiller konnten 3 Equipen gewannen an 1 Equipe gläichspillen (an nemmen 3 Equipen verléieren). Bartreng1 wënnt an der Nationaldivisioun 6-4 géint Bäerdrëf1.
 
weider geet et nächsten Samsdeg am Centre Sportif Niki Bettendorf (am Sall um -2) um 14:30 bei den Cadets an um 19:30 bei den Seniors (wou enner aanerem Bartreng1, Bartreng3 an Bartreng4 doheem spillen). Bartreng1 spillt nächsten Samsdeg doheem géint Lëntgen2.

kommt eis Spiller ennerstëtzen!
Allez DT Frënn Bartreng