Championnat Cadets 2020/2021
06 June 2021
Niewt dem Nationalen FLTT-Kongress zu Nidderkäerjeng waren geschter um Samsdeg, den 5. juni 2021 di 2 läscht Matcher am Cadets-Championnat.
An der eischter Ronn wënnt Bartreng mat 9-0 geint Lënster. Am Parallel-Match kann sech Lénger mat 6-3 geint Diddeleng behaapten. Domadder stung fest, dass et am läschten Match tëschent Diddeleng an Bartreng em den Vize-Championstitel gaangen as.
Am dësem Match konnten eis Jugend-Spiller sech mat enger staarker Leeschtung däitlech mat 8-1 duerchsetzen. Domadder kann den Pit, Tom, Pit an Jim sech dest Joer "Vice-Champion de Luxembourg Cadets 2020/2021" nennen.
Felicitatiounen vun dem Comité vun den DT Frënn Bartreng un eis jonk Spiller an un den Zlatko, hieren Trainer.
8cfc3dc0-767a-41bf-9d0b-3d2137718725.jpeg
7c7c6efe-c2fa-4853-b180-2fa0dcafdafc.jpeg
a0c9ee4d-f7c7-4edf-8792-1ea47b3521e3.jpeg
fc8c6aee-9777-49ef-9548-5558a14528e7.jpeg
3e1d580e-1fad-435a-88f3-de01834b0865.jpeg
f1a956a9-9235-4c31-87ec-29e27a186825.jpeg
5a019e6c-76f2-464c-bf42-695791ab5bf7.jpeg
982f5fd0-d2e7-4d4d-a794-0b1a430ae2fe.jpeg
2dbe1111-4fe8-4a2c-9f01-8ac8dc4034da.jpeg
feuille d'arbitrage - ch cad (r1)-div 1 4-12.pdf
feuille d'arbitrage - ch cad (r1)-div 1 5-12.pdf