Championnat 18/03/2023


19 March 2023

Am Spëtzematch am Seniors-Championnat an der Promotioun, tëscht den Tabellenleaderen, setzt sech Bartreng1 zu Wëntger mat 6-4 duerch. No dësem Erfolleg steet Bartreng1 weiderhin ouni Punktverloscht op der 1ter Plaaz zesummen mat Preizerdaul1. Um läschten Spilldaag, den Samsdeg, den 29. Abrëll kënnt et wahrscheinlech zum alles entscheedenden Match em den Opstieg an Nationale3, dëst nom Opstieg an Promotioun no der Hinronn. 
Definitiv opgestiegen as Bartreng6. No dem 9-1 géint Houwald7, stin si definitiv ennert deenen zwee éischt an der Divisioun4. Si spillen deemno ab September 2023 an der 3ter Divisioun. 
Weiderhin hun nach Bartreng3, Bartreng8 an Bartreng10 gudd Opstiegchancen.
Bravo un eis Spillerinnen an Spiller
 
Bei den Cadets spillt Bartreng1 an der Nationaldivisioun 5-5 zu Recken an steet weiderhin op der 2ter Plaaz. Den nächsten Match (22/04/2023) spillen si doheem um 14:30 géint den groussen Favorit op den Championstitel Houwald1. Weiderhin stin hier Chancen gudd op eng Podiumsplaaz am nationalen Cadets-Championnat! Bravo un den Antoine, Roman an Stanislas.
 
Nächst Championnatsmatcher sin, no den Eenzel-Landesmeeschterschaften den nächsten WE an der Ouschtervakanz, den Samsdeg, den 22. Abrëll. Kommt eis Spiller an den Centre Sportif Niki Bettendorf an den Sall um -2 ennerstëtzen!

allez Bartreng
allez DëschTennis Frënn Bartreng

5fa16ab9-a5df-4442-ad3b-fafe009704b0.jpeg

99d1cbb9-7397-4141-be92-c4f2a5a97596.jpeg