Cadets - Champion de Luxembourg 2019/2020
Champion de Luxembourg 2019/2020
05 July 2020
Niewt der Eierung vum Minimes Championnat, koum et geschter zu Lénger och zu der Eierung vun den Gewënner aus dem Cadets-Championnat.
Leider konnt dest Championnat duerch Confinement net op en Enn gespillt gin. Am Gesamtklassement aus deenen 2 eischten Deelronnen stungen di Bartrenger Cadets awer op der eischter Plaz!
No dem Vize-Champions-Titel vum läschten Joer, as et dest Joer duer gaangen fir ganz uewen um Podium ze stoen!
En groussen Bravo geet un eis 4 Spiller di iwert ganz Joer gudd Resultater erzielt hun. Den Pit, Tom, Samuel an Pit gewannen den Titel vum
CHAMPION DE LUXEMBOURG 2019/2020 - CADETS!
An desem Kader kennen mir als Club nemmen een decken BRAVO un all eis Jugendspiller inkl Jugendtraineren soen! Weider esou!!