Assemblée Générale DTFB2022


02 July 2022

DT Frënn Bartreng haten geschter Freideg, den 1. Juli 2022 seng Assemblée Générale am Festsall vum Centre Atert zu Bartreng.
No der Usproch vum Thomas FEHR, President ff, virun ronn 40 Memberen, huet den Claude RAUCHS den Rapport vun den sportlechen an manner sportlechen Aktivitéiten virgedroen. Een Merci gung un SpillerInnen, un den Trainer Zlatko RAJCIC, Comitésmemberen, un den Guy GOERES, 18 Joer President vun den DTFB an natiirlech och un Gemeng Bartreng (Subside, neien Sall, ...).
Den Laurent ASSELBORN huet den finaziellen Bilan gezun. Den Jérome CAAS gouf duerch Tessy FAUTSCH am Comité ersaat. 
No den ofschléissenden Wieder vum Youri DE SMET, Schäffen vun der Gemeng Bartreng, goung et zesummen an den Restaurant De Spackelter op Leideleng.
Traditionell goufen do Clubmeeschteren geéiert:
Cadets: David FEHR virun Spyros SARIGIANNIDIS an Antoine WONNER
Seniors C an D: Spyros SARIGIANNIDIS virun Ben KUFFER an Thomas FEHR
Seniors A an B: Fabio SANTOMAURO virun Pit RAUCHS an Samuel TÖRÖK

0c09fa12-2257-4155-9fac-8be71bbc7c23.jpeg

fa84980b-0be5-47fc-b1db-ebb9ffb4db4d.jpeg

cc562733-c4d0-4192-8045-0a881f780944.jpeg

a626f9bf-7d7a-451d-84ad-fd78c05cbe50.jpeg

9013e352-b592-4d73-bbcb-c3854e3fe918.jpeg

464ea849-7e29-452a-a557-ac35c6af567a.jpeg

cd68631a-a864-4c7f-81dc-5db1e9ebab56.jpeg

f18e40d7-5782-4108-b202-05e076bd005b.jpeg

d650e7f7-4049-42ca-9fb5-f03cb957a506.jpeg

9e246fa1-b9c2-4a31-ad9b-81115d1ada66.jpeg