Assemblée Générale


10 July 2021

Den läschten Freideg, den 2. Juli 2021 haten mir eis uerdentlech Assemblée Générale. Des AG stung ennert dem Covid-Check-Regime an war am neien Festsall vum Centre Atert zu Bartreng.

Leider konnten net vill Aktivitéiten des Saison stattfannen; villes gouf ofgesoot, annuléiert oder reportéiert. Seniors-Championnat as nom 4ten Spilldaag annuléiert gin, Training konnt ennert den ugepasstenen sanitären Regelen stattfannen, mee weinstens konnten verschidden Jugendmatcher stattfannen!

Eis Minimes sin am Championnat op di 3ten Plaz komm, wannen Bronze an kommen zudem am Kids-Cup bis an 1/2-Final. Cadets-Equipe kommen um Enn vun enger eenzelner Ronn op di 2ten Plaz an sin domadder "Vice-Champion de Luxembourg".

Neien Member am Comité vum DTFB as den Thomas Fehr. Soubal Chargen an engem nächsten Comité vergin sin, wärten mir Iech daat matdeelen.

Decke Merci un Gemeng an den Staat fir Subsiden an Ennerstetzung, un den Zlatko (Trainer), un Elteren vun den Jugendspiller (Transport, stänneg Ännerungen vun den sanitären Reglementatiounen,...), un den ganzen Comité, un all Spiller, un den Restaurant De Spackelter fir den Catering no der AG, ....


d2e7a41f-c4af-4d10-8ded-08498f35bc75.jpeg

4ace8672-811b-49ac-ab8b-3151d2ffcd9c.jpeg

dc4056ad-d33a-463d-a498-490174bec81c.jpeg

754190f9-794f-4376-bc53-118c34695063.jpeg

673a95cf-849e-4ff0-9522-01ea8056162a.jpeg

ddcaa6c9-baa6-4f12-8c32-e8dc8e7574aa.jpeg