2ten Ronn vum Minimes- an Jeunes-Championnat


14 May 2023

Um 4ten an 5ten Spilldaag vun den Minimes- an Jeunes-Championnat sin verschidden gudd Resultater erauskomm. 
 
Zu Bartreng spillen Jeunes1 dach e bessen iwerraschend 3-3 géint Recken1 an gewannen géint Preizerdaul1 esouguer 5-1. Domadder klasséieren si sech op der excellenter 4ter Plaz an qualifizéieren sech fir den nächsten Samsdeg em den Champion de Luxembourg ze spillen (zwar eigentlech ouni Chancen, mee emmerhin ennert deenen 4 eischten Jeunes-Equipen). Bravo un den Levi, Spyros, Pit an läscht Woch den Jim!
 
Bei den Minimes war Bartreng1 och an der hechster Divisioun, konnten sech awer leider duerch en mei schlecht Satzverhältnis (-2) net ennert di 4 eischt qualifizéiren!

um läschten Spilldaag gin elo nei 4er-Gruppen gemach.
 
weider esou!
Bravo Jugend vun den DT Frënn Bartreng
Bravo och un hieren Trainer Zlatko!

Allez DT Frënn Bartreng

img_3308.jpeg

img_3309.jpeg

img_3310.jpeg

img_3311.jpeg

img_3312.jpeg

img_3313.jpeg

img_3314.jpeg

img_3315.jpeg

img_3316.jpeg

img_3317.jpeg

img_3318.jpeg