1ten Tournoi am Joer 2022: nächsten Sonndeg (27/02/2022)


20 February 2022

Eischten nationalen Eenzeltournoi am Joer 2022!
Endlech as et esou wäit. Den nächsten Sonndeg, den 27. Februar 2022 organiséieren DT Frënn Bartreng den eischten nationalen Eenzeltournoi mat Master-Cup.
Dësen Tournoi as um Bridel an der neier Sportshall!!
Umeldungen nemmen iwert den Intranet-Site vun der FLTT.
Jidder Spillerin an Spiller muss onbedingt seng Sportsschung ereischt an der Haal undin! Keen Accès op den Terrain mat den Stroossenschung!
Accès an Hall um Bridel (!) nemmen ennert dem aktuellen Covid-Check-Gesetz 3G!
Jiddereen MUSS säin QR-Code derbäi hun an MUSS sech ausweisen kennen! Ennert desen Bestëmmungen as och Buvette den ganzen Daag op!
mir wënschen ALLEN Spillerinnen an Spiller bonne chance op dem 1ten Tournoi am Joer 2022!
An der Annexe nach den Spillprogramm

99131d53-e883-49ec-9b3b-0e27fecfe30b.jpeg