1/2-Final Kids-Cup 2020/2021
15 May 2021
No enger laanger Paus bedingt duerch Covid-Restriktiounen sin den Metteg zu Lëntgen 1/2-Finalen am Kids-Cup gespillt gin.
Eis Minimes-Spiller stungen der Jugend vum DT Berbuerg géigeniwwer.
Leider sin eis Jongen mat 1-4 eliminéiert gin. Dest Resultat as um Pobeier méi däitlech ewei et war. Een vun den entscheedenen Matcher as leider mat 9-11 am 5ten Saaz verluer gaangen. Dest emsou méi, well et am läschten Parallel-Match schons 2-0 fir eis stung. Bei engem meigelechen 3-3 wier Decisioun an engem läschten Eenzel teschent den jeweilegen Nummer 2 gefall. Et sollt leider net esouwäit kommen.
Felicitatiounen un den Pit, Samuel, Roman an David an hierem Coach dem Zlatko!
Merci och der FLTT an dem DT Lëntgen fir Organisatioun an Schnelltester (déi alleguerten negativ ausgefall sin).
weider esou!
fd7e7230-8e5a-4d4c-96e3-3b3843c9066a.jpeg
137b94a2-18e6-4ab4-8dc4-06034d11115f.jpeg
feuille d'arbitrage - kids-cup (tf)-1_2-fin 2-33.pdf
c79540da-55cf-4406-915e-115e45aa65fa.jpeg