17e Grand-Prix des DëschTennis Frënn Bartreng
waat een Erfolleg!
ereischt den 2ten Tournoi fir des Saison mat iwert 300 Aschreiwungen! Zudem sin nach am Kader vun eisem Tournoi Teens-Cup-Final an Decisioun am Dammen-Equipen-Championnat gefall! Merci un all eenzelnen Spiller*in, un eis Sponsoren, jiddereen deen gehollef huet, den Juge-Arbiteren, der FLTT fir Vertrauen an eis Organisatioun, asw, nemmen esou war eet meigelech dass trotz den villen Aschreiwungen, dem Teens-Cup an dem Dammen-Cahmpionnat den läschten Ball um 20:15 gespillt gouf! MERCI Mir felicitéieren dem DT Lénger deen Teens-Cup mat 4-1 géint eis Bartrenger konnt gewannen. Felicitatiounen och un den Antoine, Stanislas an Daniel mam Coach Zlatko fir ereeschen vun der Final. Mir félicitéieren dem DT Houwald fir den Titel "Champion de Luxembourg Dames 2024". Si gewannen an der 1/2 Final 4-1 géint den DT F Bartreng (an der Entente mam DT Greiwemacher) an Final mat 4-2 géint den DT Diddeleng. Bravo trotzdem un eis Spillerinnen Denise, Tessy, Amelie an Odile. Um Tournoi hun eis Spillerinnen an Spiller dann gudd ofgeraumt!- an der Kategorie D3 verléieren leider den Adam an Qiuting jeweils hier 1/2-Finalen an kommen op di 3ten Plaz- den David get 3ten an der Kategorie C3/D1- Maud kennt bis an Final vun der C2/C3 wou et dun leider verluer huet- C1/C2 war quasi an Bartrenger Hand! den Anastasios gewënnt eng ganz spannend Final géint den Julien; den Felix huet et zudem nach bis an 1/2-Final gepackt!- den Christophe kennt bis an 1/2-Final vun den B3/C1 an plazéiert sech deemno op di 3ten Plaz- an der A3/B1-Kategorie steet den David um ierweschten Podium an den Spyros gët 3ten- di hechsten Kategorie, der A-Kategorie, gewënnt eisen Spiller den Fabio An der Annexe fannt Dir verschidden Resultater an Photoen! Merci un jiddereenAllez DëschTennis Frënn Bartreng
Allez eis Jugend