Tarte Flambée mat Fussball-WM-Final

Datum

18/12/2022

Zäit

12h00 - 22h00

Spillort

Bartrenger Chalet hannert der Apdikt/dem Metzler

10 Rue de Luxembourg, Bertrange

Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt

Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.

Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen

Informatiounen

DëschTennis Frënn Bartreng kréien vun der Gemeng Bartreng den Bartrenger Chalet zur Verfügung gestallt fir kennen den Sonndeg, den 18. Dezember 2022 Iech op eng gudd Tarte Flambée ze invitéieren.

Vun 12:00 un sidd Dir op den Apéro invitéiert, an kennt Iech Är Tarte Flambée gudd schmaachen loossen. Um 16:00 Auer kennt Dir mat eis zesummen Final vun der Fussball-Weltmeeschterschaft Live kucken.

Reservéiert Iech Är lieblings Tarte Flambée direkt iwert desen Link!

Mir fréen eis op Ären Besuch!!