Seniors-Championnat 2023/2024
Samsdeg, den 27. Abrëll 2024: läschten Spilldaag am Seniors-Championnat vun der Saison 2023/2024. No der Saison 2022/2023, wou Bartreng1 vun der Divisioun1 no der 1ter Deelronn an Promotioun opgestiegen war, konnten si no der 2ter Deelronn an Nationale3 opsteigen. Des Saison 2023/2024 war den Opstieg no der 1ter Deelronn an Nationale2 esouguer meigelech. An der 2ter Deelronn koum elo eng 5ten Plaaz no dem 6-3 Erfolleg géint Ettelbrëck1 eraus! Een groussen Undeel hat dorunner och den Fabio Santomauro. No 2 Joer bei den DT Frënn Bartreng zitt et den Fabio elo bei den DT Hueschtert/Folscht den aktuellen Champion an der Nationale1 (Audi-League).
MERCI Fabio fir di läschten 2 Joer! Mat engem 5-5 géint Wolz1, konnt Bartreng2 seng Plaaz an der Promotioun secheren! Leider mussen awer 2 Equipen ofsteigen:- Bartreng3 fällt aus der 1ter Divisioun eraus- Bartreng10 fällt aus der 5ter Divisioun eraus Dofir steigen awer 2 aaner Equipen eng Divisioun erop:- Bartreng6 steigt vun der 3ter an di 2ten Divisioun- Bartreng9 steigt vun der 5ter an di 4ten Divisioun Bravo un all Spillerinnen an Spiller vun den DT Frënn Bartreng
weider esou elo stin nach Matcher am Minimes- an Jeunes-Championnat op deenen nächsten 2 Samsdeger um Programm