3ten Plaaz am Minimes-Championnat 2026

DT Frënn Bartreng

image

Eng staark 3ten Plaz am Minimes-Championnat, den SPUERKEESS National Youth Leagues 2025-2026.

Geschter war den läschten Spilldaag am Minimes- an am Jeunes-Championnat vun der Saison 2025/2026.

Mat enger komplett neier Equipe par Rapport vun der 2ter Plaaz läscht Saison, huelen den Rodrigo, den David an den Hugo eng excellenten Bronze-Medaille am Minimes-Championnat.

Mat leider enger knapper 2-4 Defaite geint den spéideren neien Landesmeeschter Houwald, woubäi mir 2 Matchbäll zum 3-3 haten, sin mir gestart.

Géint Nouspelt as dun een 3-3 erausgesprong. Leider duerch Saatz-Verhältnis, gouf den Vice-Champion knapp verfeelt. 

Am läschten Match, gewannen mir mat 5-1 géint Lenneng an sëcheren eis eng Podiumsplaz am Minimes-Championnat, den SPUERKEESS National Youth Leagues 2025-2026.

Bravo un den Rodrigo, den David an den Hugo

Bravo an MERCI un den Coach, den Zlatko

Am Jeunes-Championnat, haten mir durech leider vill Absencen Nationaldivisioun knapp verpasst. Mir secheren eis awer duerch 3 kloer 6-0 Victoiren géint Union, Mamer an Diddeleng2 di eischten Plaz hannert deenen 4 Equipen an der Nationaldivisioun.

6C1HGAHB6N84ASAEXWK4Z1AXF0.jpg
1MVH0F75C98WFV64QS7618K6VM.jpg
1D3B0QS12088TRHTNGDK198R3Q.jpg